D’
Finanzkris ass an Europa am Laf vum Joer 2010 ausgebrach.
Si huet 2011 beonrouegend Proportiounen ugeholl an menacéiert elo den europäeschen Wirtschaftsraum ze implodéieren. D’Origine vun der Finanzkris läit an der beonrouegender Entwécklung vun den ëffentlechen Defiziter an virun allem an der Wëllens vun den europäesche Regierungen dës alarméierend Entwécklung anzestellen.
Éischt Feststellungen
Véierzéng EU-Memberstaaten weisen 2010 eng ëffentlech Schold iwwer 60 % vum PIB op. Et handelt sech ëm Griicheland (124,9 %), Italien (118,2 %), Belsch (99 %), Portugal (85,8 %), Frankräich (83,6 %), Groussbritannien (79 %), Ungarn (78,9 %), Däitschland (78,8 %), Irland (77,3 %), Malta (71,5 %), Éisträich (70,2 %), Holland (66,3 %), Spuenien (64,9 %) an Zypern (62,3 %).
Dës Feststellung huet eng
éischt Konsequenz: d’international Notatiounsagenturen fänken un sech fir d’Fäegkeet vun de Memberstaaten hir souverän Obligatiounen ze erfëllen ze interesséieren. Sou hunn Frankräich an d’Belsch viru kuerzem hiren berühmten Triple A verluer an d’laangfristeg Perspektiven si gréisstendeels negativ fir vill Memberstaaten. Dat bedeit datt d’
Zënssätz fir d’Memberstaaten kéinte klammen an d’Belaaschtung vun de Staaten fir sech um Maart ze finanzéieren erhéijen an d’Finanzéierung vum Defizit tëscht den nationale Recetten an Ausgaben komplizéieren.
Wien ass verantwortlech?
D’Verantwortung vun de Banken an dëser Entwécklung ass wichteg. Vill renomméiert Bankinstituter (BNP Paribas, Belfius, Le Crédit Agricole,…) hunn souverän Scholden vun héich verschëldete Staaten kaaft. Dës Instituter hunn op déi héich Zënssätz spekuléiert, déi vun dëse Länner ugebuede ginn, an de Risiko vun enger Insolvenz miniméiert. Et stellt sech eraus, datt verschidde Länner vläicht net an der Lag sinn hir Obligatiounen ze erfëllen (wéi Griicheland) an hir Gläubiger, dat heescht d’Banken, an hirem Fall matzéien.
D’Reaktioun vun de Regierungen vun de Memberstaaten war dräifach: eng Refinanzéierung vun de Banken um Rand vun der Insolvenz. Dës Refinanzéierung gouf mat enger quasi majoritärer Bedeelegung vun de Staaten un de Banken ënner Tutelle (d’Nationaliséierung) gekoppelt an natierlech domat, eng verstäerkte Kontroll vun de Staaten iwwer d’Bankaktivitéiten. Dës néideg Interventiounen hunn leider negativ Effekter op d’reell Wirtschaft an notamment eng Neidefinéierung vun de Kreditpolitiken.
Den Impakt op de Kredit
Schonn am éischte Quartal 2012,
: eng Reduktioun vun den Hypothekarkreditter a Frankräich vun 47 %, eng Reduktioun vun den europäesche Verkaaf vu Gefierer vun bal 27 % an a Belsch eng Erhéijung vun der Zuel vun den Insolvenzen vun 26 %. An dësem Beräich stellt sech eraus, datt verschidden Entreprisen, déi insolvent ginn, trotzdeem gutt gefëllte Bestellbicher hunn, awer net méi Zougang zum Kredit fannen, well d’Banken elo strikt a virsiichteg Politiken praktizéieren.
An dëser Situatioun, kéinten onofhängeg Kreditvermittler, wéi de Crédit Populaire Européen, eng fundamental Roll an der Kontinuitéit vun der reeller Wirtschaft spillen. Tatsächlech schafft de Crédit Populaire Européen mat Banken, déi op Kredit spezialiséiert sinn (Elantis, Krefima, Record, etc…). Verschiddener vun dëse Banken bidden iwwerhaapt keng klassesch Servicer un (Bankagentur, Spuerkont, Kontokorrent). Si sinn nëmmen op d’Verginn vu Kreditter spezialiséiert an, well se keng Spueren unhuelen, spekuléieren se och net. An anere Wierder, d’Finanzkris huet hir Approche vum Kredit quasi net geännert.
Beim Crédit Populaire Européen gleewen mir, datt d’Kreditvermittler elo an der Lag sinn, e méi einfachen Zougang zum Kredit unzebidden wéi bei den ordinäre klassesche Banken.