Versécherung fir d’Kreditter

Déi indispensabel Assurance fir Är Kreditter

Versécherung fir d’Kreditter, oder Assurance solde restant dû, ass eng Versécherung, déi beim Ënnerschreiwe vun engem Prêt vum Organissem, deen d’Sue léint, gefrot gëtt. Dësen Type vun Assurance ka mat engem Hypothekarprêt oder engem Prêt à tempérament zesummenhänken. Si garantéiert de Remboursement vun Ärem Prêt am Fall vun Ärem Doud.

D’Versécherung fir d’Kreditter gëtt normalerweis zesumme mam Kontrakt vum Kredit ënnerschriwwen. Dës Assurance muss net ëmmer ënnerschriwwe ginn, virun allem bei méi klenge Prêten oder wann d’Persoun eng gutt Solvabilitéit an nach aner Garantië virweise kann.

Verschidde Faktore beaflossen den Tarif vun Ärer Assurance :

  • Ären Alter ;
     
  • d’Dauer vum Kredit ;
     
  • de Kapital, dee verséchert gëtt ;
     
  • Är Liewensweis ;
     

Mir proposéieren Iech verschidde Versécherungsformulë fir Är Kreditter :

  • degressive Kapital: Dësen Type vun Assurance geet der Evolutioun vun Ärem Prêt no. De versécherte Kapital hëlt par rapport zum Remboursement vun Ärem Prêt of.
     
  • konstante Kapital: Den Tarif vun der Assurance gëtt vun Ufank u fixéiert a gëtt während 2/3 vun der Dauer vum Prêt bezuelt.

Jee no der Optioun, déi Dir wielt, rembourséiert Är Assurance eng Partie oder d’Totalitéit vum Solde vun Ärem Prêt.



* Maacht vläicht, Loosst Äert Geld kascht och.