Simulatioun Hypothekarkredit 125 % online

1Wielt d'Quantitéit vun Ärem Prêt :
2Wielt Äre Montant :

Är Ufro fir Hypothekarkredit 125 %

  • Mensualitéit :
  • Betrag :
  • Dauer :
  • Taeg :
  • Gesamtbudget :

Hypothekarkredit 125%

Dir hutt beschloss, en Haus ze kafen. Dir hutt awer keen Erspuertes fir d’Notaireskäschten ze bezuelen. Dir wëllt den Akafspräis an och d’Notaireskäschten finanzéieren. Mam Hypothekarkredit 125% finanzéiert Dir d’Gesamtkäschten, déi mam Kaf vun Ärem Haus zesummenhänken, dat heescht och d’Notaireskäschten.

De Crédit Populaire Européen, zanter 1998 um Immobiliemarché aktiv, steet Iech zur Säit.

Kuerz gefrot…

Wat ass d’Zilsetzung vun dësem Kredit ?

D’Acquisitioun vun Ärem Haus, d’Notaireskäschten an en eventuellen Acompte, deen beim Compromis de vente iwwerwise gëtt, finanzéieren. Eise Produit erméiglecht Iech et, d’Gesamtkäschte vun Ärer Acquisitioun ze finanzéieren. Eisen aktuellen Zënssaz fänkt bei 3,5% un. Donieft proposéiere mir de Persounen ënner 35 Joer, déi eng éischt Acquisitioun maache wëllen, speziell Konditiounen. D’Dauer vum Remboursement kann tëschent 15 an 30 Joer variéieren.

  • Wien kann en Hypothekarkredit 125% ufroen?

All Persoun, déi eng Immobilienacquisitioun an der Belsch envisagéiert.

  • Wat sinn d’Konditiounen, fir dëse Kredit genehmegt ze kréien ?

D’Persoun muss an der Belsch, a Frankräich oder zu Lëtzebuerg domiciliéiert sinn.
D’Persoun muss zanter mindestens engem Joer zu Lëtzebuerg oder an der Belsch schaffen.
D’Persoun muss hiert Akommes an der Belsch oder zu Lëtzebuerg kréien.
D’Persoun muss en Immobiliegutt an der Belsch kafen, et occupéieren an esou an der Belsch wunnen.
D’Persoun muss e saisissabelt Akommes hunn.
D’Persoun muss eng valabel Identitéitskaart oder e valabelen Titre de Séjour fir Lëtzebuerg oder fir d’Belsch virweise kënnen.
D’Persoun däerf kee Litige wat d’Kreditter ugeet hunn.

D’Virdeeler vum CPE

  • Mir proposéieren Iech eng gratis a perséinlech Analyse vun Ärer Demande.
  • Mir hunn avantagéis Tauxen fir Persounen ënner 35 Joer, déi eng éischt Acquisitioun envisagéieren.
  • Mir ginn Iech bannen 48 Stonnen en Accord de principe.
  • Mir envisagéiere mat Iech déi Formule, déi am beschten zu Ärem Budget passt.
  • Duerch eis grouss Erfahrung konnte mir privilegéiert Partnerschaften opbauen.

Notaireskäschten

En Immobiliegutt kafen huet e Coût. Den Akafspräis vum Gutt selbstverständlech, mä och nach aner Käschten, z.B. d’Enregsitrementsrechterd’Honorairen vum Notaire an d’Käschten vum Acte de Prêt.

D’Enregistrementsrechter sinn d’Steieren, déi de Staat virgesäit soubal Dir en Notairesakt vun enger Acquisitioun enregistréiert. Si gi jee nom Verkafspräis gerechent an jee nom Montant vum Revenu Cadastral. Si variéieren och jee no de Regiounen. D’Honoraire vum Notaire hänken vun der Valeur vum Gutt of.

De Notaire rechent seng Honorairen jee no der Valeur vum Gutt an jee no de Käschten vum Kreditakt. D’Käschten vum Acte de Prêt hänke mam Kredit zesummen, deen fir d’Acquisitioun vum Gutt néideg war, a sinn am Hypothekarbureau enregistréiert.

Fir Iech ze hëllefen, stellt de Crédit Populaire Européen Iech e Simulator vun de Käschten zu Verfügung, fir datt Dir Iech eng Iddi vum Gesamtmontant vun der Immobilientransaktioun maache kënnt.



* Maacht vläicht, Loosst Äert Geld kascht och.