Simuléiert Ären Hypothéikprêt online
Ech wëll léinen:
Toutes ces données ne sont fournies qu’à titre informatif et ne contraignent en aucune manière Finday à octroyer les crédits renseignés ni à appliquer les taux indiqués. Ceci n’est pas une offre. Nous vous invitons à fixer un rdv en nos bureaux afin de recevoir le TAEG (Taux annuel effectif global) qui s’adapte à votre situation.
Certains taux mentionnés sont dépendants de plusieurs critères (Quotité <= 80% - Revenu disponible en dehors des charges 1.500€ pour un isolé, 2.000€ pour un ménage - Ratio charges revenus <= 40% - Domiciliation des revenus - Souscription à une assurance habitation et solde restant dû auprès de l'organisme désigné - Réduction supplémentaire de 0,15% - sous réserve d'acceptation du dossier par l'organisme bancaire et de tout autre élément aggravant (contentieux, médiation, saisie, ...)).
Hypothekarkredit
Dir wëllt en Haus kafen? Dir wëllt en Terrain kafen an do Äert Dramhaus baue loossen? Dir wëllt Äert Haus renovéieren oder Aarbechte realiséieren? Da profitéiert vun den historesch déiwen Zënssäz vum Hypothekarmarché. Eis Sociétéit proposéiert Iech innovativ Hypothekarkreditsproduiten. Kontaktéiert nach haut eis spezialiséiert Courtieren.
Kuerz gefrot…
Wat ass d’Zilsetzung vun dësem Kredit ?
De Kaf oder d’Renovatioun vun Ärem Haus finanzéieren.
E perséinleche Prêt garantéieren oder eng Zentralisatioun iwwert eng konventionell Inscriptioun realiséieren. Den Hypothekarkredit ass ab enger Minimumsdemande vun 25.000 € (Kredit fir Aarbechten an aner Kreditter) méiglech. D’Dauer vun engem Hypothekarkredit kann tëschent 10 an 30 Joer variéieren an hänkt vum geléinte Montant of. Eis Tauxe fänken bei 3,5% un a variéiere jee nom Dossier.
Beispill: éischt Immobilienacquisitioun vun engem Montant vun 200.000 € iwwer 30 Joer, d.h. eng Mensualitéit vun 1.060,11 €.
- Wien kann en Hypothekarkredit ufroen ?
All Privatpersoun, déi an der Belsch oder zu Lëtzebuerg wunnt.
- Wat sinn d’Konditiounen, fir dëse Kredit genehmegt ze kréien ?
D’Persoun muss hiert Akommes an der Belsch oder zu Lëtzebuerg kréien.
D’Persoun muss eis seng dräi lescht Paiziedele virweisen.
Eng vun de Persounen, déi léint, muss e saisissabelt Akommes hunn.
D’Persoun däerf net an der BNB fichéiert sinn, och wann et do Léisunge gëtt.
Eng bestuete Koppel muss zesummen léinen ausser wann et e « régime matrimonial de séparation de bien » gëtt.
D’Virdeeler vum CPE
- Dir kënnt Är Demande iwwer Telefon maachen.
- Eise Kollaborateur mécht esou schnell wéi méiglech eng perséinlech Analyse vun Ärem Dossier.
- Mir proposéieren Iech deen Taux, deen am beschten zu Ärem Budget passt.
- Mir ginn Iech eng Äntwert op all Är Froen wat den Hypothekarkredit ugeet.
- Dir kënnt de Kontrakt an där Agence ënnerschreiwen, déi am nootste bei Ärem Doheem läit.
- Mir kënnen Iech en Accord de Principe banne 48 Stonne fir e klasseschen Dossier ginn.
Notaireskäschten
En Immobiliegutt kafen huet e Coût. Den Akafspräis vum Gutt selbstverständlech, mä och nach aner Käschten, z.B. d’Enregsitrementsrechter, d’Honorairen vum Notaire an d’Käschten vum Acte de Prêt.
D’Enregistrementsrechter sinn d’Steieren, déi de Staat virgesäit soubal Dir en Notairesakt vun enger Acquisitioun enregistréiert. Si gi jee nom Verkafspräis gerechent an jee nom Montant vum Revenu Cadastral. Si variéieren och jee no de Regiounen.
D’Honoraire vum Notaire hänken vun der Valeur vum Gutt of. De Notaire rechent seng Honorairen jee no der Valeur vum Gutt an jee no de Käschten vum Kreditakt.
D’Käschten vum Acte de Prêt hänke mam Kredit zesummen, deen fir d’Acquisitioun vum Gutt néideg war, a sinn am Hypothekarbureau enregistréiert.
Fir Iech ze hëllefen, stellt de Crédit Populaire Européen Iech e Simulator vun de Käschten zu Verfügung, fir datt Dir Iech eng Iddi vum Gesamtmontant vun der Immobilientransaktioun maache kënnt.