Simulatioun crédit moto scooter online

Prett fir Konsum
1Wielt d'Quantitéit vun Ärem Prêt :
2Wielt Äre Montant :

Är Ufro fir crédit moto scooter

  • Mensualitéit :
  • Betrag :
  • Dauer :
  • Taeg : *
  • Fixe Prêtquote : ...
  • Gesamtbudget :

Kredit fir Motorrad oder Scooter

Dir sicht eng Léisung fir Är Mobilitéitsproblemer? Dir wunnt an enger Groussstad an Dir sidd et sat, am Stau ze stiechen oder wéi laang eng Parkplaz ze sichen? Laut rezente Studien, hëlt den Traffik an de belsche Grousstied bis zu 80% zou bis d’Joer 2020.

De Kaf vun engem Scooter ka schnell amortiséiert sinn, wann ee keng Protokoller wéinst Falschparke muss bezuelen. Dir wëllt e Motorrad oder e Scooter kafen? Mir hunn dee Kredit, deen zu Iech passt. Fir Iech eng Iddi ze ginn, stelle mir Iech e Simulator op eisem Site zu Verfügung

Kuerz gefrot…

Wat ass d’Zilsetzung vun dësem Kredit ?

Dir wëllt e Motorrad oder e Scooter kafen, nei oder Occasioun. Et handelt sech ëm eng “Vente à Tempérament”. Fir en neit Motorrad, variéiert den TAEG tëschent 4,10 a 6,10%, bei engem Occasiounsmotorrad musse mir de legalen Taux vun 11,5 % anhalen. D’Dauer vum Remboursement läit tëschent 60 an 84 Méint. Beispill: Kaf vun engem neie Motorrad vun enger Valeur vun 8.000€ iwwer 48 Méint, Mensualitéit vun 183,80€ (TAEG = 4,99 % fixen Taux, Darlehenzëns), Gesamtmontant, deen zeréckzebezuelen ass = 8.822,40€.

  • Wien kann e Kredit fir Motorrad oder Scooter ufroen ?

All Persoun, déi an der Belsch wunnt.
All Persoun, déi zu Lëtzebuerg wunnt.

  • Wat sinn d’Konditiounen, fir dëse Kredit genehmegt ze kréien ?

Minimumsmontant vum Kredit fir Motorrad oder Scooter: 2.500€.
Fir en neit Motorrad muss d’Persoun eis de Bon de Commande presentéieren.
Fir en Occasiounsmotorrad oder -scooter, muss d’Persoun eis den “Acte sous seing privé d’achat” vum Gefier presentéieren.
D’Persoun däerf kee Litige wat d’Kreditter ugeet hunn, och wann et do Léisunge gëtt.
D’Persoun muss eng valabel Identitéitskaart oder e valabelen Titre de Séjour fir d’Belsch oder Lëtzebuerg virweise kënnen.

D’Virdeeler vum CPE

  • Mir examinéieren zesummen Äre Projet.
  • Mir proposéieren Iech dee beschten Zënssaz vum Marché oder mir passen eis un d’Konkurrenz un.
  • Mir kënnen d’Dauer vum Remboursement un Är finanziell Moyenen upassen.
  • Mir garantéieren Iech eng total Diskretioun.
  • Mir ginn Iech den Dag selwer nach eng Äntwert.
  • Mir suivéieren zesummen de gudden Déroulement vun Ärem Dossier.
  • Bei Schwieregkeeten, proposéiere mir Iech eng Alternativléisung.


* Maacht vläicht, Loosst Äert Geld kascht och.