Entdeckt eis Stageofferen fir Studenten
Eis Gesellschaft empfänkt Studenten d’ganzt Joer fir eng Dauer vun enger Woch bis zu engem Mount.
Mir sichen permanent:1. Kommerziellen Mataarbechter Stagiaire
No enger séierer Formatioun ënnerstëtzt Dir eis kommerziell Mataarbechter an:- Entgéinthuelen vun de Kreditanfroen iwwer Telefon
- Analyséieren vun de Kreditanfroen déi online agereecht ginn
- Analyséieren vun den Dokumenter déi vun eise Clienten geschéckt ginn
- Areechen vun den Dossieren bei eis finanziell Intermédiairen
- Verdeedegen vun den Dossieren bei eisen Agréateuren
- Kontaktéieren vun eise Clienten fir si iwwer d’Decisiounen betreffend hir Kreditanfro z’informéieren
- Assistéieren bei der Ënnerschrëft vun de Kreditkontrakter an eisen verschiddenen Agenturen
2. Administrativen Mataarbechter Stagiaire
No enger séierer Formatioun ënnerstëtzt Dir eis Mataarbechter an:- Assuréieren vun der Ouverture vun den Dossieren fir Kreditanfroen
- Sortéieren vun den Dokumenter déi vun eise Clienten geschéckt ginn an déi entspriechend Kreditdossieren
- Virbereeden vun den Dossieren fir d’Ënnerschrëft vun de Kreditkontrakter
- Entgéinthuelen an sortéieren vun der erakommender Post
- Virbereeden vun der erausgaangender Post
- Assuréieren vun verschiddenen administrativen Ënnerhaltsaufgaben (Fotokopie, Scan, Fax) etc…
3. Internet Mataarbechter Stagiaire
No enger séierer Formatioun ënnerstëtzt Dir eisen Internet Mataarbechter an:- Analyséieren vun eisen AdWords an Google Analytics Daten
- Assuréieren vun der Ënnerhalt vun eiser Websäit
- Analyséieren vun eisen wöchentlechen Positiounsrapporter
- Assuréieren vun der Ënnerhalt vun eisem Blog an eise soziale Medien
- Proposéieren vun Iddien fir eis Websäit, eise Blog an eis sozial Medien ze dynamiséieren
- Beäntweren vun de Froen déi vun den Internetbenotzer op eise Foren hannerlooss ginn
- Analyséieren vun den deeglechen Neiegkeeten iwwer Kredit fir se an en Webartikel ze iwwersetzen
4. Marketing Mataarbechter Stagiaire
No enger séierer Formatioun ënnerstëtzt Dir eisen Marketing Mataarbechter an:- Superviséieren vun eisen Pabeier- & Webreklammekampagnen
- Proposéieren vun Iddien fir eis Pabeier- & Webreklammekampagnen ze stäerken
- Kontaktéieren vun kommerziellen Partner fir d’Erstellung vun Net-Linking
- Entwéckelen vun Reklammprojeten fir Pabeier- & Websupport
- Sichen um Internet no Evenementer déi fir eis Gesellschaft a Saache Marketingpositionéierung interessant kéinte sinn