All Mensch kann eemol mat der Justiz ze dinn hunn, ob fir sech ze verdeedegen oder eng Prozessaktioun ze féieren. D’Geriichtskäschten, d’Avocatskäschten an d’Expertisekäschten kënnen e wesentleche Käschtepunkt ausmaachen. Och wann de Gesetzgeber eng Prozessentschiedegung fir d’gewonnene Partei virgesäit, erweist sech dës dacks als ongenügend, fir all déi ugestrengten Ausgaben ze decken. Kucke mer eis d’Rechtschutzversécherung un.
Begrëff Rechtschutzversécherung
D’Rechtschutzversécherung huet den Zweck, Iech ze erlaben, Är Rechter als Kläger oder Beklote geltend ze maachen, entweder an engem Geriichtsverfahren, engem administrativen oder anere Verfahren, oder ausserhalb vun engem Verfahren.
D’Rechtschutzversécherer verpflicht sech, géint Bezuelung vun enger Versécherungsprime, all Är Verdeedegungskäschten ze decken.
Dat ass zum Beispill de Fall, wann Dir eng Zitatioun krut, fir virun de Policegeriicht ze erschéngen oder wann Dir eng Entschiedegung fir Schied, déi Dir bei engem Verkéiersaccident erlieft hutt, kréien wëllt.
Klousel vun der Objektivitéit
Allgemeng wäert de Rechtschutzversécherer éischtens probéieren, Äre Fall amikalech ze regléieren.
Wann Dir net mat der Siichtweis vun Ärem Versécherer averstane sidd, hutt Dir d’Recht, d’Klousel vun der Objektivitéit anzesetzen an de Rechtsanwalt vun Ärer Wiel ze konsultéieren.
Drei Szenarie sinn dann méiglech:
- • Wann de Rechtsanwalt d’Thees vum Versécherer bestätegt, kritt Dir d’Hallschent vun de Berodungskäschten an Honoraire rembourséiert.
- • Wann de konsultéierte Rechtsanwalt Är Positioun bestätegt, ass de Versécherer verflicht, onofhängeg vum Ausgang vum Verfahren, d’Deckung ze bidden, inklusiv d’Berodungskäschten an Honoraire.
- • Wann Dir op eegen Käschten géint d’Berodung vun Ärem Rechtsanwalt virgeet a besser Resultater erzielt, wéi déi, déi Dir erreecht hätt, wann Dir d’Positioun vum Versécherer an dem Rechtsanwalt akzeptéiert hätt, ginn d’Käschten an d’Honoraire, souwéi d’Berodungskäschten, vollstänneg vum Versécherer gedroen.
Et ass net ausgeschloss, datt en Interessekonflikt optriede kann, wann een an demselwechte Versécherer eng Haftpflichtversécherung an eng Rechtschutzversécherung ofgeschloss huet.
Dofir empfielen mir, Är Rechtschutzversécherung bei enger anerer Gesellschaft ofzeschléissen.
D’fräi Wiel vum Rechtsanwalt erlaabt Iech och, dëse Interessekonflikt ze vermeiden.