Simulatioun Kredit Solarpanneauen online

Prett fir Konsum
1Wielt d'Quantitéit vun Ärem Prêt :
2Wielt Äre Montant :

Är Ufro fir Kredit Solarpanneauen

  • Mensualitéit :
  • Betrag :
  • Dauer :
  • Taeg : *
  • Fixe Prêtquote : ...
  • Gesamtbudget :

Kredit Solarpanneauen

D’Energiepräisser explodéieren. An de nächste Joren ass den Investissement an d’Isolatioun vun Ärem Haus oder an alternativ Energien kee Luxus mä eng Nécessitéit fir Geld ze spueren.

Och wann haut d’Isolatioun vun Ärem Haus oder d’Installatioun vun alternativ Energien e grousse Käschtepunkt opweist, muss een déi Ausgab wéi een Investissement gesinn, deen een sech fir déi nächst Joeren offréiert oder een Investissement, deen ee fir seng Kanner mécht.

D’Installatioun vu Solarpanneauen op Ärem Daach erlaabt Iech et Suen op Ärer Elektrizitéits- an Heizungsrechnung ze spueren, déi Dir an ongeféier 10 Joer erëm zeréck kritt. Leider goufen d’Primen, déi vun der Regioun Wallonnie fir d’Kreditter fir Solarpanneauen octroyéiert goufen, zanter dem 1. Januar 2012 suppriméiert. Et huet sech do ëm eng vun de Moosname vum Plan d’austérité vum Gouvernement Di Rupo gehandelt.

Wat ass d’Zilsetzung vun dësem Kredit ?

De Kredit Solarpanneauen ass e Prêt à tempérament. Dir kennt de Montant, deen Dir zeréckbezuele musst, beim Ënnerschreiwe vun Ärem Kontrakt vum Kredit. Dir profitéiert vun engem fixen Taux während der Periode, déi vun Iech am Kontrakt fixéiert gouf (TAEG = taux d’intérêts annuel effectif global). Dir kënnt ab 2.500€ ouni Plafong léinen. D’Dauer kann tëschent 24 an 120 Méint variéieren.

  • Wien kann e Kredit Solarpanneauen ufroen ?

All Persoun, déi an der Belsch oder zu Lëtzebuerg wunnt.

 

  • Wat sinn d’Konditiounen, fir dëse Kredit genehmegt ze kréien ?

D’Persoun muss eng valabel Identitéitskaart oder e valabelen Titre de Séjour fir Lëtzebuerg oder fir d’Belsch virweise kënnen.
D’Persoun muss e saisissabelt Akommes an der Belsch oder zu Lëtzebuerg hunn.
D’Persoun däerf net fichéiert sinn och wann et do Léisunge gëtt.
D’Persoun muss eng gutt Solvabilitéit virweise kënnen.

Beim Crédit Populaire Européen :

  • kënnt Dir Är Demande iwwer Telefon maachen.
  • kënnt Dir Äre Kontrakt zu Arel, Bréissel, Mons oder zu Esch-Uelzecht ënnerschreiwen.
  • kënne mir Iech op Rendezvous no de Bürosstonnen an eisen Agencen empfänken.
  • schwätze mir Portugisesch, Englesch, Spuenesch, Hollännesch a Franséisch.
  • garantéiere mir Iech de beschten Taux vum Marché duerch eis privilegéiert Partneren.
  • kritt Dir d’Sue bannen 3 Deeg op Äre Kont iwwerwisen.



* Maacht vläicht, Loosst Äert Geld kascht och.