Vakanzeversécherung

Reest an aller Rou mat der Rapatriementversécherung – Vakanzeversécherung

Am Ausland kann en Accident séier zu enger grousser Misère ginn. Wann Dir gäre verreest an och mol manner touristesch Ecker kenne léiere wëllt, ass dës Assurance genau déi richteg fir Iech.  

D’Vakanzeversécherung schützt Iech bei Ären Déplacementer am Ausland an huet eng ganz Rei Virdeeler :

  • Eng Interventioun 24h/24, 7 Deeg op 7, iwwerall an der Welt ;
     
  • D’Organisatioun an d’Betreiung vun de medezineschen Akten ;
     
  • De Remboursement vun de medezinesche Käschten ;
     
  • De Rapatriement ;
     
  • D’Betreiung vun de Persounen, déi Iech begleeden ;
     
  • Eng administrativ a logistesch Hëllef ;
     
  • Etc…

Et gi verschidde Formulë vu Vakanzeversécherungen :

  • Temporär Assistenz: spezifesch a limitéiert op eng kuerz Rees ;
  • Jäerlech Assistenz: d’Assurance gëllt fir all Är Déplacementer während dem Joer.


* Maacht vläicht, Loosst Äert Geld kascht och.